Syndicat d'Initiative Bavigne

Syndicat d'Initiative Bavigne Syndicat d'Initiative / Fremdenverkehrsverein / Tourist Association

17/04/2025
17/04/2025

👋 Mell Dech elo un fir en Tour mam Grénge Mann 🤩

Sonndes, de 4. Mee an den 1. Juni bidde mir en Tour mam Grénge Mann un. Heen erzielt iech verschidde Legenden, Mythen a Geheimnisser aus der Natur. Ënnerwee léiert dir esou Eegeschafte vu verschiddene Beem an Heelplanze kennen.

👉Hei alleguer d'Detailer op ee Bléck:

✅ Sonndes, de 4. Mee (16:00-17:30) oder den 1. Juni (11:00-12:30) zu Esch-Sauer

✅ Ideal fir Erwuessener an och fir Kanner tëscht 5 an 11 Joer

✅ D'Participatioun ass gratis

✅ Umeldung ganz einfach iwwer dëse Link https://forms.office.com/e/0Fp1zFLC1i

Foto: Caroline Martin

08/04/2025
22/03/2025

Weltwaasserdag 💦

De Stauséi versuergt ronn 80% vun der Lëtzebuerger Populatioun mat Drénkwaasser. 🤩 Eisen Naturpark ass deemno d'Waasserregioun💧vu Lëtzebuerg.

ℹ Och dëst Joer organiséiere mir nees d'Waasserfest fir dës wäertvoll Ressource ze feieren. Rendez-Vous dofir den 9. Mee (um Europafeierdag) op der Toodlermillen. Weider Detailer wäerte mir demnächst matdeelen. ☺

24/12/2024
20/10/2024

Actionbound: d'Geschicht vun der Uewersauer 👀

Notzt elo d'Geleeënheet iech iwwer d'Actiounbound-App zousätzlech Informatiounen a Form vu Videoe ronderëm d'Geschicht vun der Uewersauer unzekucken. Donieft gitt dir och vu Panno zu Panno guidéiert a kritt spannend Informatiounen iwwer d'Entsteeung an d'Verännerungen, déi de Stauséi mat sech bruecht huet.

👉 Weider Informatiounen an d'Links op déi verschidden Actionbounds ginn et hei:
https://www.naturpark-sure.lu/offer/dgeschicht-vun-der-uewersauer/

Adresse

1, Um Knupp
Bavigne
L-9635

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Syndicat d'Initiative Bavigne erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Service Kontaktieren

Nachricht an Syndicat d'Initiative Bavigne senden:

Teilen