Ettelbrécker Jugendhaus

Ettelbrécker Jugendhaus Moien 👋

Bei eis am Jugendhaus ass all Jonken (12-26 Joer) wëllkomm! All Freiden fënnt eise Kachatelier statt, fir deens du dech umelle kanns.

Komm eng Ronn Billard, Kicker, Darts, Pingpong oder Gesellschaftsspiller mat eis spillen 😃👍 eng PS5 an eng Switch hu mir och 😎
Gëff gratis Member a maach bei coolen Aktivitéiten mat! Bei eis am Jugendhaus kanns du dech mat ënnerschiddlechen Saachen beschäftegen, ob dat PS5 ass, Kicker, Billiard, Darts, Pingpong, Switch oder Gesellschaftsspiller. D'Éducateuren hunn en oppent Ouer fir dech, wanns du

schwätzen wëlls an si kënnen dech beroden an ënnerstëtzen wanns du dat wëlls. Komm mat enger leckerer Iddi oder bréng e Rezept mat, dats du schon ëmmer wolls ausprobéieren fir ze kachen oder verrod eis einfach wat däin Liblingsiessen ass :) Da gi mir zesummen alles akafe wat mir brauchen an zauberen uschléissend esou e gudde Menu, dass eis d'Waasser am Mond zësumme leeft! Falls Zäit an Honger iwwereg ass, kann een och en Dessert préparéieren :D Wann dat dir eppes seet, dann zéck net a komm bei eis kachen, zesummen iessen an dobäi schnëssen. Et gëtt och ëmmer eppes ze laachen! All Donneschden bidde mir eisen Calisthenics Workout un. Dat Ganzt fënnt op der Terrass vum Ettelbrécker Jugendhaus statt an do trainéieren mir zesummen um Calisthenics Gerëscht. Ob Ufänger oder Fortgeschrattenen, all Jonken ass wëllkomm a mir passen eis dengem Trainingsniveau un. Beim Calisthenics geet et dorëm sech méi intensiv mam eegene Kierper auserneen ze setzen. Du léiers hei Kierperbeherrschung, einfach an och méi komplex Bewegungsofleef déi deng Flexibilitéit a Beweeglechkeet fërderen. Zousätzlech gewënns du duerch den Training Kraaft a kriss och méi Muskelen. Eis Memberskaart ass gratis an erméiglecht et dir eist Material oder e Sall auszeléinen an ze benotzen. Wanns du eng Memberskaart hues, kanns du och un eisen Aktivitéiten deelzehuelen. Wat sinn dat fir Aktivitéiten? Mir ginn zesummen an de Kino oder an d'Schwämm, op d'Kiermes oder op d'Schueberfouer, op e Wantermaart oder e Summerfest, Kart fueren oder an en Escape Room a villes villes méi :)

Gëff och du Member vum Jugendhaus an erlief mat eis onvergiesslech Momenter :D
Bis geschwënn! Chez nous dans la maison des jeunes, tu peux t'occuper avec plein de choses, que ce soit avec la PS5, le baby-foot, le billard, les fléchettes, le ping-pong, la switch ou les jeux de société. Les éducateurs sont à ton écoute si tu as besoin de parler et t'offrent leur soutien et leur aide si tu le souhaites. Tous les vendredis, nous organisons un atelier de cuisine pour lequel tu peux t'inscrire. Si tu as une idée délicieuse ou une recette que tu veux essayer, viens chez nous et défoule toi :D ou dis nous simplement quel est ton plat préféré. Nous allons acheter tous les ingrédients nécessaires et puis nous préparons ensemble un menu avec ou sans dessert. Si ça t'intéresse, viens cuisiner dans la maison des jeunes pour ensuite manger, discuter et rire ensemble :)

Tous les jeudis nous proposons un entraînement de callisthénie sur la terrasse de la maison des jeunes à Ettelbruck. Nous nous entrainons ensemble et il n'est pas important si tu es débutant ou plus avancé. Nous nous adaptons à tout niveau d'entraînement. La callisthénie améliore la coordination, l'équilibre et l'endurance musculaire, tout en étant plus douce pour les articulations. Les mouvements nécessitent également une tension complète du corps. Notre carte de membre est gratuite et te permet de prêter et d'utiliser notre matériel ou une salle. Si tu possèdes une carte de membre tu peux également participer à de nombreuses activités que nous offrons. Il s'agit d'aller ensemble au cinéma ou à la piscine, à la Kermesse ou à la Schueberfouer, sur un marché d'hiver ou une fête d'été, de faire du karting ou se rendre à un escape room et beaucoup beaucoup plus encore :)

Deviens toi aussi membre de la maison des jeunes et vis avec nous des moments inoubliables :D À bientôt! Here in the youth center you can occupy yourself with a variety of things, whether it's PS5, foosball, billiards, darts, PingPong, Switch or board games. The educators have an open ear for you if you need to talk and offer you support and help if you want them to. Every friday we have our cooking workshop for which you can sign up. If you have a delicious idea or an interesting recipe you always wanted to try out, come to the youth center and go wild :D or simply tell us your favorite meal. Together we go to the grocery store to buy everything we need to prepare a tasty menu with or without dessert. If this suits you, don't hesitate and come to our place to cook, to chat and laugh together :)

Every Thursday we offer a calisthenics workout on our terrace of the youth center in Ettelbruck. It doesn't matter if you're a beginner or a pro, we adapt to your training level. Calisthenics are exercises that rely on an individual's body weight for resistance. They allow you to develop your strength, endurance, flexibility and coordination. Our membership card is free and allows you to borrow and use our items. It also allows you to participate in a variety of activities, such as going together to the movies or to a swimming pool, to the fair or to a festival, to a winter market or summer event, to an action center (Karting, Bowling, VR, Escape Room) and much much more! Become a member of the youth center and experience unforgettable moments with us :D
See you soon!

13/06/2025

Fro mol – So mol Eng Reportage iwwert d’Stëmm vun de Jonken ➡️ Wat heescht et hautdesdaags jonk ze sinn? Wat beweegt déi Jonk, wat mécht hinnen Suergen, a wa...

Fro mol – So molEng Reportage iwwert d’Stëmm vun de Jonken➡️ Wat heescht et haut jonk ze sinn? Wat beweegt déi Jonk, wat...
12/06/2025

Fro mol – So mol
Eng Reportage iwwert d’Stëmm vun de Jonken
➡️ Wat heescht et haut jonk ze sinn? Wat beweegt déi Jonk, wat mécht hinnen Suergen, a wat ass hinne wierklech wichteg?
Zesumme mam Jugendbureau ass d’Grace op Tour gaangen – op Wolz, Wëntger an Ettelbréck – fir mat Jonken ze schwätzen.
27 Jonker hunn fräiwëlleg mat gemeet.
E grousse Merci un d’Grace fir d’Leedung vun den Interviewen, un d’Jonker fir hir Offenheet an un eis Partner:
• Lycée du Nord - Wiltz
• zu Wëntger
• Ettelbrécker Jugendhaus Dikricher Jugendhaus
📽️ D’Reportage gouf vum Service national de la jeunesse (SNJ) finanzéiert

Fro mol – So mol Eng Reportage iwwert d’Stëmm vun de Jonken ➡️ Wat heescht et hautdesdaags jonk ze sinn? Wat beweegt déi Jonk, wat mécht hinnen Suergen, a wa...

11/06/2025
Hei si just nach e puer Plaze fräi maacht iech bäi!!!
05/06/2025

Hei si just nach e puer Plaze fräi maacht iech bäi!!!

Mir maachen haut Crêpe am Ettelbrécker Jugendhaus. Jiddereen de laanscht kennt, kritt een. Dës Offer gëllt esou laang, w...
26/05/2025

Mir maachen haut Crêpe am Ettelbrécker Jugendhaus. Jiddereen de laanscht kennt, kritt een. Dës Offer gëllt esou laang, wéi mir nach Deeg hunn, also maach dech bei a looss en dir schmaachen.

Eis Ëffnungszäiten fir kommend Woch :)🫶
23/05/2025

Eis Ëffnungszäiten fir kommend Woch :)

🫶

Ännerunge vun eisen Ëffnungszäiten:Haut ass d'Jugendhaus um 18:30 Auer zou.E Freiden ass zou wéinst der Teenage Dream 20...
19/05/2025

Ännerunge vun eisen Ëffnungszäiten:

Haut ass d'Jugendhaus um 18:30 Auer zou.

E Freiden ass zou wéinst der Teenage Dream 2025 !

🫶

Ännerungen:E Freiden ass bis 19:00 Auer op.E Samsden ass d'Jugendhaus zou. Da si mir mam Ludocar um Wiichtelfest :) Komm...
14/05/2025

Ännerungen:

E Freiden ass bis 19:00 Auer op.
E Samsden ass d'Jugendhaus zou. Da si mir mam Ludocar um Wiichtelfest :) Kommt laanscht fir ze spillen, ze jongléieren oder e leckeren Croque Monsieur z'iessen ;)

Adresse

5, Rue De L'École Agricole
Ettelbruck
9016

Heures d'ouverture

Lundi 12:00 - 19:00
Mardi 12:00 - 19:00
Mercredi 12:00 - 19:00
Jeudi 12:00 - 19:00
Vendredi 12:00 - 21:00
Samedi 13:00 - 18:00

Téléphone

+352818686

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ettelbrécker Jugendhaus publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager